Communiqué zum neie Plan d'études

Communiqué am Kader vun der Publicatioun vum neie Plan d’études fir d’Grondschoul
De 6. Februar huet den Educatiounsminister den neie Plan d’études fir d’Grondschoul virgestallt. Véier Joer laang gouf un der Conceptioun vun dësem Plan d’études geschafft. An deem Kontext huet den SNE/CGFP ëmmer gefuerdert, datt de Plan d’études muss entschlaakt ginn an een neie Plan d’études sech op déi wichtegst Kärkompetenzen beschränkt. Et war dem SNE/CGFP och wichteg, datt den neie Plan d’études e praktescht Aarbechtsinstrument gëtt, dat fir den Enseignant a senger alldeeglecher Praxis eng reell Hëllef duerstellt.
De Fuerderunge vum SNE/CGFP ass an deem Sënn Rechnung gedroe ginn. Effektiv ass den neie Plan d’études entschlaakt ginn a presentéiert sech elo wesentlech méi kompakt an iwwersiichtlech.
D’Dokument liwwert Erklärungen doriwwer, wéi een Niveau socle oder Niveau avancé ze interpretéieren ass. Dat ass sënnvoll an hëlleft, Interpretatiouns-Divergenzen esouwäit ze evitéiren.
Et gëtt keng laang Opzielunge vun Inhalter a Schlagwierder méi. Dëst dréit zur Lieserlechkeet vum Plan d’études bäi a verhënnert och, datt Enseignanten sech ënner Drock gesat spieren, méiglechst villes vun deem onbedéngt wëllen ëmzesetzen.
Am neie Plan d’études sinn eng Note méthodologique an e Glossaire ze fannen. An den Ae vum SNE/CGFP sinn dat nëtzlech Zousazkapitelen, déi hëllefen d’Dokument méi benotzerfrëndlech ze maachen an déi genannten Interpretatiouns-Spillraim ze reduzéieren.
Am neie Plan d’études gëtt den Accent ënnert anerem och op dat transversaalt Schaffe geluet. Dat ass an den Ae vum SNE/CGF wichteg an ass eng Valorisatioun vun enger souwisou fest etabléierter Praxis an eise Schoulen. Deemno ass et sënnvoll, datt dann elo och Zäit fir transversaalt Schaffen an de Curriculum agerechent gëtt. Dat hëlt den Enseignanten den Drock, dem „Programm“ net kënne gerecht ze ginn an zevill Zäit ze „verléieren“.
Den neie Plan d’études erwäänt och explizitt déi pädagogesch Autonomie vun den Équipes pédagogiques, wat den SNE/CGFP natierlech begréisst. Dëst ass en Uleies, wat dem SNE/CGFP nach ëmmer ganz wichteg war an ass. Et bleift ze hoffen, datt dës Autonomie net duerch déi geplangten Outilë vun enger digitaler Plattform ënnergruewe gëtt.
Dës geplangten digital Plattform, déi parallell zum neie Plan d'études en Place gesat gëtt, wäert eng grouss Verännerung duerstellen. Dat ass an den Ae vum SNE/CGFP e ganz ambitiéise Projet a gläichzäiteg ee wichtege Pilier an deem ganze Konzept. Dës Plattform kéint Flexibilitéit am Ëmgank mam Curriculum erméiglechen an et erlaben, Inhalter jee no Bedarf oder Entwécklung vun der Bildungslandschaft séier z’adaptéieren.
Doriwwer eraus soll déi digital Plattform Beispiller an Aufgabe liwweren, déi illustréieren, wat de Plan d’études beschreift. Dëst Element, déi faméis Exemples de bonne pratique, hunn am aktuelle Plan d’études gefeelt. Et muss natierlech opgepasst ginn, datt déi ugeduechten Hëllefsmëttelen net zu engem renge Rezeptbuch ginn.
Och den direkte Lien mat Material fir den Unterrecht soll hei generéiert ginn. Deemno wier et wichteg, datt dës digital Plattform och mat Zäite fäerdeg ass an dat ganzt Material och do hannerluecht ass, fir datt d'Enseignanten ouni Aschränkungen heirobber zougräife kënnen. D’Enseignante brauche genuch Zäit fir sech anzeschaffen a fir hiren Unterrecht dann och mat dëser Plattform ze plangen.
Vun dëser digitaler Plattform soll et dann eng professionell Versioun fir d’Enseignante ginn an eng ëffentlech Versioun fir d’Elteren. Den SNE/CGFP ass der Meenung, datt Transparenz an Zesummeschaffen tëscht der Schoul an den Elteren indispensabel sinn. An awer hofft den SNE/CGFP, datt déi ëffentlech Versioun net als Kontroll-Instrument duerch aner Acteure wäert mëssbraucht ginn.
Et geet och rieds vun engem « logbook numérique pour documenter l'enseignement de manière confidentielle et personnelle ». Den SNE/CGFP freet sech, wat genee heirënner ze verstoen ass a wéi eng Envergure dat eventuell kritt. Mir weisen drop hinn, datt den administrativen Opwand fir d’Enseignanten an de leschte Joren schonn immens an d’Luucht gaangen ass. Déi Aarbechtserliichterung, déi hei vun der Plattform versprach gëtt, soll duerch de Méiopwand un Aarbecht fir d'Gestioun vun esou engem Outil net ausgehiewelt ginn. Ausserdeem muss den Inhalt vun dësem Logbuch dann och wierklech perséinlech a confidentiel bleiwen.
Et sief och nach eng Kéier dorop opmierksam gemaach, datt am Laf vun den nächste Méint a Jore vill Neies op d’Enseignanten, d’Kanner an d’Elteren duerkënnt. Nieft engem neie Plan d’études sinn hei d’Alphabetisatioun op Franséisch an déi nei Publicatiounen an der Mathematik an am Däitschen ze erwänen. De MENJE muss sech dësem Ëmstand bewosst sinn an oppassen, datt d’Enseignante matzäiten an ausféierlech iwwert all dës Neierungen an d’Bild gesat ginn. Nëmmen esou ka fir all dës Mesuren och déi néideg Akzeptanz geschafen a virun allem och eng Iwwerbelaaschtung duerch een “ze vill op eng Kéier” evitéiert ginn.
Publizéiert den 13. Februar 2026
De Conseil d’administration vum SNE/CGFP
Downloads
PE_communique_2026.pdf | 0.30 MB | Download |

