Schoulesch Inklusioun an der Grondschoul

Dem SNE/CGFP seng Analys zum MENJE sengem Aktiounsplang fir schoulesch Inklusioun an der Grondschoul
Pressekonferenz vum SNE/CGFP
Dir Dammen an Dir Häre vun der Press, et freet mech, Iech alleguerten am Numm vum SNE/CGFP op eiser Pressekonferenz begréissen ze däerfen.
Nodeems et de 17. Mäerz an der «Chambre des Députés» zu zwou Interpellatiounen zum Thema «Gewalt an der Schoul» komm ass, huet den Educatiounsminister den 23. Mäerz säin Aktiounsplang fir schoulesch Inklusioun an der Grondschoul virgestallt.
D'Problematik ronderëm d’«Inclusion scolaire» an d’Gewalt an der Schoul ass allerdéngs net nei. Gewalt am schoulesche Kontext ass e Phenomeen, deen et scho jorelaang gëtt an dee sech a leschter Zäit däitlech verstäerkt huet. Obwuel den SNE/CGFP schonn zënter laanger Zäit op dës alarmant Entwécklung opmierksam gemaach huet, si mir iwwert eng laang Zäit net gehéiert ginn. Ëmsou méi begréisse mir, datt d‘Thema Gewalt an der Schoul endlech net méi tabuiséiert gëtt an och um politeschen Niveau elo déi Opmierksamkeet kritt, déi et verdéngt.
Mee kommt, mir kucken eis emol dem Educatiounsminister säi strategeschen Aktiounsplang am Detail un. Wat steet konkret am Aktiounsplang vum Minister a, virun allem, wat bedeit dat fir d’Realitéit an den Alldag an eise Schoulen? Entscheedend fir de Succès vun dësem Aktiounsplang wäert seng praktesch Ëmsetzung sinn. A genau do läit d’Kromm an der Heck!
1. Verstäerkung vun den I-EBS an A-EBS Ressourcen:
Et ass natierlech ze begréissen, datt d’Ressourcen am Beräich vun den I-EBS an A-EBS sollen ausgebaut ginn. Am Fong geet et hei awer ëm d’Ëmsetzung vun engem Engagement aus dem Regierungsprogramm, dee seet :
«Le dispositif dans les écoles sera étendu à travers la mise à disposition d’instituteurs spécialisés en encadrement EBS (I-EBS) additionnels, de l’introduction d’assistants EBS (A-EBS) et, le cas échéant, de personnel éducatif en fonction des besoins des écoles. Au moins un I-EBS devra être présent dans chaque établissement scolaire pendant les heures de classe.»
Fir den SNE/CGFP ass dofir kloer: dëse Passus aus dem Koalitiounsaccord muss elo endlech konsequent an zäitno ëmgesat ginn. Dem MENJE säi Rekrutéierungsplang muss sech un de reelle Besoinen an den Ufuerderunge vum Terrain orientéieren.
2. Eng Reserv vu Remplaçantë fir d’ESEB-Personal :
Den SNE/CGFP fuerdert scho ganz laang, datt esouwuel den Agent vun der ESEB, wéi och den I-EBS an den A-EBS systematesch ersat musse ginn, wa si ausfalen – egal ob krankheetsbedéngt oder aus anere Grënn. D’Schafe vun enger «Réserve de remplaçants» fir d’ESEB-Personal ass dofir e Schratt an déi richteg Richtung, dee mir ausdrécklech begréissen.
Allerdéngs bleift eng zentral Fro op: Wäert dës Reserv an der Praxis och funktionéieren? D’Rekrutéierung vu genuch qualifizéiertem Personal bleift eng grouss Erausfuerderung. Hei ass de MENJE gefuerdert, konkret an ambitiéis Léisungen ze presentéieren a grouss Efforten ze maachen.
Eng weider Fro, déi sech fir eis awer nach ëmmer stellt, ass déi vum Ersetze vun den I-EBSen an den A-EBSen, wa si ausfalen. Ginn déi och, wéi bis elo, an Zukunft net ersat? Mee vläicht ass jo de Remplacement vun dësen Akteure fir déi nächsten, iwwerschaffte Versioun vum Aktiounsplang virgesinn.
3. Eng besser Preventioun duerch e verstäerkten Encadrement am Cycle 1 :
Och dëse Punkt ass elo wierklech keen neie Moment, mee entsprécht engem Engagement aus dem Regierungsprogramm, an zwar deem Punkt, dee seet: «Le concept d’un deuxième intervenant au cycle 1 sera développé et mis en place.»
D’Interpretatioun, déi de Minister elo a sengem Aktiounsplang dovunner gëtt, entsprécht allerdéngs awer guer net de Fuerderunge vum SNE/CGFP. Den SNE/CGFP huet ëmmer kloer gefuerdert, datt dësen zweeten Intervenant an all Klass aus dem Cycle 1 nom Modell vum Precoce mat engem Team aus engem Enseignant an engem Educateur, intervenéiere soll. Wéi am Precoce misst den 2. Intervenant, an eisen Aen, all Dag wärend der ganzer Unterrechtszäit mam Enseignant zesummeschaffen.
Den SNE/CGFP huet sech vun Ufank u mat aller Vehemenz géint eng punktuell a sporadesch Interventioun vum zweeten Intervenant an de Klasse vum Cycle 1 ausgeschwat. Mee genee dat ass awer elo virgesinn! A 15 Pilotschoulen soll elo jeeweils een Educateur am Cycle 1 intervenéieren. A grousse Schoule kéinten et der och och zwee sinn. Fir den SNE/CGFP ass dat wuel e gudden Ufank, et geet awer net duer, well am Cycle 1 ginn d’Weiche fir déi spéider schoulesch Zukunft an der Grondschoul gestallt. Dofir ass et wichteg, esou fréi ewéi méiglech op eventuell Defiziter, am Sënn vun der Preventioun, effikass an adequat ze reagéieren. An dofir brauche mir den zweeten Intervenant an alle Klassen am C1, an dëst esou séier wéi méiglech.
4. D’Schafung vun engem «Comité local EBS» an all Schoul:
Dës Mesure aus dem Aktiounsplang, esou wéi mir se verstanen hunn, wier fir den SNE/CGFP absolut inakzeptabel.
Bis elo war et esou, datt d‘I-EBSen an d‘A-EBSen direkt un d’Schoulen affektéiert waren. Dëst huet et der Schoul erméiglecht, d’Ressource séier, effikass an ouni onnéidege bürokrateschen Opwand geziilt un d’Kanner ze verdeelen. Genee aus dësem Grond huet den SNE/CGFP sech ëmmer dofir agesat, och d‘ESEB-Ekippen direkt un d’Schoulen ze affektéieren a se no dem bewäerten, gutt funktionéierende Modell vum I-EBS an A-EBS funktionéieren ze loossen.
An elo, wa mir dat richteg verstanen hunn, géif just de Contraire geschéien ! Net nëmmen, datt d’ESEB-Ekippen net direkt un d’Schoulen affektéiert solle ginn! Elo gesäit et esou aus wéi wann all d’Ressourcen, also och d’I-EBSen an d’A-EBSen, an eng schwéierfälleg administrativ Prozedur verstréckt géife ginn – an dat ënnert dem Virwand vun enger verbesserter Koordinatioun.
D’Verdeelung vun dëse lokale Ressourcen (I-EBS an A-EBS), konnt bis dato als en Erfollegsmodell ugesi ginn, well se séier, flexibel, effikass an ouni bürokrateschen Opwand konnte vun de Schoulen agesat ginn. Duerch d’Aféierung vun engem «Comité local» géif dës Verdeelung onnéidegerweis méi schwéier gemaach ginn.
No de geplangte Modalitéite soll dëse Kommitee sech zweemol de Mount zesummesetzen, fir eng Propos zur Ressourceverdeelung auszeschaffen, déi duerno nach vun der Direktioun muss validéiert ginn. Et wier also de Regionaldirekter, deen iwwert d’Propositioun vum «Comité local» entscheede géif an deen «in fine»dat lescht Wuert hätt. Amplaz Bürokratie ofzebauen, géif se duerch dës schwéierfälleg Prozedur weider ausgebaut ginn.
Alt nees en administrative Waasserkapp. Fir den I-EBS an de President vum Schoulkommitee bedeit dat e grousse Surplus un Aarbecht an – bei 2 Reuniounen de Mount – en enormen Zäitopwand. Dobäi wëssen si elo schonn net méi, wéi si et sollen hikréien, fir deenen ëmmer méi groussen Ufuerderungen, déi u si gestallt ginn, gerecht ze ginn.
Am Kontext vun der «Prise en charge» vun den EBS-Kanner si mir als SNE/CGFP op alle Fall fir eng Stäerkung vun der Schoulautonomie. Et sinn d’Leit an de Schoulen, d’Leit aus de Schoulkommiteeën an d’«Coordinateurs de cycle», déi am beschte wëssen, wéi eng Hëllef bei wéi engem Kand am dréngendsten ass. Dësen Encadrement ass bis dato och ouni erzwonge Reuniounen duerch den Austausch vun den implizéierten a concernéierte Persounen organiséiert ginn.
Den SNE/CGFP kéint sech awer d’Mise en Place vun engem «Comité local», mam Optrag all déi verfügbar Ressourcen ze coordinéieren, ënner gewësse Konditioune virstellen – virausgesat, datt dësen däitlech manner bürokratesch funktionéiere géif.
Den SNE/CGFP kann sech och mat der aktueller Zesummesetzung vum «Comité local», bestoend aus demPresident vum Schoulkommité, dem I-EBS an dem Directeur adjoint EBS, averstane weisen. Dëse Gremium misst sech op Aenhéicht concertéieren fir d’Verdeelung vun all de verfügbare Ressourcë sënnvoll a geziilt un d’Kanner, déi Hëllef brauchen, ze decidéieren.
Amplaz vum onflexibelen Rhythmus all zwou Wochen, missten dës Reuniounen an den Ae vum SNE/CGFP eng Kéier virun der Rentrée stattfannen, an dann am Laf vum Joer jee no Bedarf, fir eventuell Upassungen an Ëmverdeelunge vun de Ressourcen ze decidéieren. Dëst géif garantéieren, datt d’Ressourcen effizient an ouni bürokrateschen Opwand un d’Kanner verdeelt ginn. Gläichzäiteg géif et d’Zesummenaarbecht tëscht den Agenten aus der ESEB, dem I-EBS, dem A-EBS an dem Léierpersonal vereinfachen an d’Effikassitéit vum System als Ganzt stäerken.
En neie Moment am Kontext vum Plan d’action ass de Fait, datt a verschiddene Fäll d’Leit vun der ESEB direkt kënne mat engem Kand schaffen, ouni op den Accord vun den Elteren ugewisen ze sinn. Dëst bréngt eng gewësse Flexibilitéit a Reaktivitéit, déi d’Enseignanten sech scho laang gewënscht hunn. Dëse Changement gesäit den SNE/CGFP op alle Fall als positiv un.
5. D’Regionalisatioun, d’Erweiderung an de Fonctionnement vun de Kompetenzzentren :
Dëse Punkt ass op den éischte Bléck kee ganz neien: D’Regionalisatioun vun de Kompetenzzentre war scho fir d’Rentrée 2025/2026 annoncéiert ginn. Och deemools schonn hu mir d’Intentioun vum Minister begréisst, fir eng schrëttweis Dezentraliséierung vun de spezialiséierte Kompetenzzentren op de Wee ze bréngen. An un där Positioun hale mir fest.
Et kann nëmmen am Interêt vun de Schüler, den Enseignantsekippen an allen Acteure sinn, wann déi spezialiséiert Betreiung méi no un den Terrain kënnt. Och den Ausbau vun der Zuel un Zentre geet fir eis an déi richteg Richtung.
Mee et geet net nëmmen ëm méi Kompetenzzentren, mee och ëm e bessere Fonctionnement. An do ass den SNE/CGFP zefridden ze gesinn, datt den Educatiounsminister och erkannt huet, datt de Fonctionnement vun de Kompetenzzentre muss geännert ginn. Seng Ausso « et kann net kee sinn » bréngt de Problem op de Punkt. Wat mir brauchen, ass e System, dee funktionéiert: Kanner, déi Hëllef aus de Kompetenzzentre brauchen, mussen déi direkt kréien — ouni Zäit ze verléieren an ouni allze vill administrativen Opwand.
Et däerf net méi sinn, datt dës Kanner tëschent de Kompetenzzentren hin an hir geschubst ginn a kee sech zoustänneg fillt, hinnen ze hëllefen. D’Kanner däerfen net weider de Spillball vun deene verschiddene Kompetenzzentre bleiwen, well d’Zentre sech net eens ginn, wie fir d’Problematik vum Kand kompetent ass. Dëse «Ping-Pong» muss ophalen!
Bis elo war et dacks esou, datt een Zenter deem aneren de Ball zougespillt huet – de grousse Verléierer war dobäi ëmmer d’Kand. Fir deen ee Kompetenzzenter ze schwaach a fir deen aneren ze staark, mam finale Constat, datt d’Kand nach ëmmer am beschten an der normaler Klass ouni zousätzlech Hëllef opgehuewe war. Domadder muss endlech Schluss sinn.
6. D’«Mise en place» vun engem Kriseninterventiounsplang an der Schoul an den temporären Ausschloss aus der Schoul :
Wann den Educatiounsminister seet, datt «mir musse besser ginn an der Kriseninterventioun», dann deele mir déi Aschätzung. Net fir näischt fuerdert den SNE/CGFP schonn zanter Joren d’«Mise en place» vun enger Preventiouns–, Hëllefs– an Interventiounsstruktur an alle Schoulen: eng Taskforce, déi am Alldag present ass a bei Bedarf direkt agräife kann.
Esou eng Struktur, bestoend aus Spezialisten aus verschiddene Beräicher – wéi zum Beispill Educateuren, Infirmieren a Sozialaarbechter, fir nëmmen déi ze nennen – kéint geziilt bei Problemsituatiounen, och bei Gewaltvirfäll, zum Asaz kommen an derzou bäidroen, datt de regulären Unterrecht net gestéiert gëtt an esou wäit ewéi méiglech normal fir déi aner Kanner weiderlafe kann.
Leider kréien d’Schoulen och an Zukunft weiderhi keng esou eng Taskforce. Op mannst gëtt awer méi kloer definéiert, wien am Fall vun enger Kris bei engem Schüler als éischten intervenéiere soll: Den A-EBS oder den I-EBS soll an Zukunft de «First responder» sinn. Dat ass awer keng fundamental Neiheet, well an der Praxis ass dat dacks schonn esou gehandhaabt ginn.
Nei ass dann awer elo, datt duerno d’ESEB iwwerhuele soll. An deem Kontext ass virgesinn, an all ESEB-Ekipp zwee Agenten als Krisemanager ze forméieren. Den SNE/CGFP begréisst dës Mesure ausdrécklech. Et ass wichteg, datt d’Responsabilitéit fir d’Evaluatioun, d’Stabiliséierung an d’Dokumentatioun vun enger Kris kloer d’Aufgab vun dësen Agenten ass an net beim Enseignant hänke bleift. Fir den SNE/CGFP wär et en absolutten NOGO gewiescht, wann dës Belaaschtung weiderhi bei den Enseignantë bliwwe wär.
Den SNE/CGFP fuerdert scho ganz laang, datt Schüler, fir déi eng Beschoulung op Grond vun hirer Problematik an enger regulärer Klass temporär net méi méiglech ass, eng alternativ zäitlech begrenzte Betreiung a spezialiséierten Zentren oder Institutioune musse kréien. Et gi Fäll, wou d’Problematiken an d’Verhalensopfällegkeeten esou déifgräifend sinn, datt fir dës Kanner d’Beschoulung an de Schoulprogramm net méi prioritär sinn, mee datt aner Problemer iwwerweien an eng Participatioun um Unterrecht an den Hannergrond réckelt. D’Schoul ass net de Kader, fir dëse Kanner deen néidegen therapeutesche Suivi ze bidden. Dës Kanner brauchen eng spezialiséiert Betreiung an entspriechenden Institutiounen – mat engem kloren Zil: Si erëm prett ze maache fir de Retour an de regulären Unterrecht.
Och dës Fuerderung vum SNE/CGFP gëtt nëmmen deelweis erfëllt. An Zukunft soll e «Renvoi temporaire»vu maximum 3 Deeg méiglech sinn. Mir begréissen, datt de geplangte «Renvoi temporaire» zwar an akute Situatiounen e kloert Signal setzt an och doduerch de Schoulbetrib kuerzfristeg stabiliséiert gëtt, mee mir däerfen eis näischt virmaachen: Domadder eleng ass dem Kand nach ëmmer net gehollef.
Wat duerno geschitt ass entscheedend. Et misst dann och direkt zu enger qualitativ héichwäerteger «Prise en charge» kommen, déi dem Kand wierklech hëlleft, fir aus senger Kris erauszekommen – och wann dat eng méi laang therapeutesch Interventioun vu spezialiséierten Institutiounen erfuerdert. D’Fro, déi sech stellt, ass déi, ob et dann och an der Praxis zu esou enger méi nohalteger «Prise en charge» kënnt.
Dofir bleift den SNE/CGFP bei senger Fuerderung, datt fir verschidde Kanner d’Schoul temporär net de richtege Kader ass, an datt et muss méiglech sinn, datt dës Kanner séier an onbürokratesch an déi passend spezialiséiert Institutiounen opgeholl ginn.
Mir soen Iech Merci fir Är Opmierksamkeet.
Patrick Remakel,
President vum SNE/CGFP
Downloads
20260415_PK_Inklusioun.pdf | 0.28 MB | Download |

