Skip to main content

News & Events

News & Events

10 July 2026

Organisatioun vum Service à temps partiel: et bleift alles beim Alen

Organisatioun vum Service à temps partiel:

Den SNE/CGFP confirméiert – et bleift alles beim Alen! 

An de leschte Méint hu sech vill Memberen un den SNE/CGFP geriicht, well si sech Suergen ëm d’Organisatioun vum Service à temps partiel gemaach hunn. Grond dofir ware regional Notes de service fir d’Rentrée 2026/2027, an deenen eenzel Direktiounen op eemol eng nei Interpretatioun vum Artikel 18 vum Beamtestatut virgeholl hunn an domadder d‘Flexibilitéit vun der Organisatioun vum Service à temps partiel beschneide wollten.

Am uewe genannten Artikel steet:

« Une semaine de travail compte en principe cinq journées de travail se situant du lundi au samedi. »

Dësen Artikel ass awer alles anescht wéi nei. Hie steet zënter Joren am Beamtestatut a gouf bis haut nach ni esou ausgeluecht, dass en déi bis elo bewäert Organisatioun vum Service à temps partiel  a Fro géif stellen.

Bis elo war et selbstverständlech, dass Enseignante mat engem Service à temps partiel vu 40, 50, 60, 70 oder 75 % hir Aarbechtszäit op manner wéi fënnef Deeg verdeele konnten. Och am Cycle 1 war et méiglech, dass sech zwee Titulairen hir Aarbechtszäit an enger Klass esou opdeele konnten, dass deen een um Ufank (Méindes bis Mëtwochmoies) an deen aneren um Enn vun der Woch (Mëttwochmëttes bis Freides) geschafft huet. Dës Organisatioun huet sech iwwer Jore bewäert an hat virun allem ee grousse pädagogesche Virdeel: esou wéineg Wiessel vum Léierpersonal wéi méiglech fir d’Kanner.

Trotzdeem wollten eenzel Direktiounen dës Praxis op eemol a Fro stellen – mat Konsequenzen, déi fir vill Enseignanten eng däitlech Verschlechterung vun hiren Aarbechtskonditioune bedeit hätten.

Fir den SNE/CGFP war direkt kloer: Dat ass net akzeptabel.

Mir hunn de Bien-fondé vun dësen neien Direktive vun Ufank un a Fro gestallt an ouni ze zécke beim Educatiounsministère intervenéiert. An enger gemeinsamer Reunioun mam SEW/OGBL den 10. Juli hu mir eis Positioun mat Nodrock verdeedegt.

Déi Responsabel vum MENJE konnten eist Uleies novollzéien an den SNE/CGFP huet erreecht, dass dës zwou geplangte Mesurë fir d’Rentrée 2026/2027 zeréckgeholl goufen. Et bleift also alles beim Alen – souwuel wat d’Organisatioun vum Service à temps partiel ugeet, wéi och d’Opdeelung vun der Aarbechtszäit am Cycle 1 an zwou Hallefwochentranchen.

An dëser Reunioun huet den SNE/CGFP och duerchgesat, dass et och an Zukunft méiglech bleift, spezialiséiert Surnumérairen anzesetzen, déi de komplette Sport- oder Musekskader an enger Schoul iwwerhuelen, wann doranner fir d‘Schoul eng pädagogesch Plus-value gesi gëtt.

De Conseil d’administration vum SNE/CGFP

Presse Ufroen
Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit do eiusmod tempor incididunt.
This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.
Presse Ufroen
Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit do eiusmod tempor incididunt.
This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.