Skip to main content

News & Events

News & Events

22 April 2025

2 Sëtz fir den SNE/CGFP !!! Merci

Léif Memberen, E grousse Merci un all eis Wielerinnen a Wieler! Merci fir Äert Vertrauen! Mir sinn extrem houfreg op dat exzellent Resultat vum SNE/CGFP bei de Walen fir d’Chambre des fonctionnaires et employés publics.  En Zougewënn vu quasi 30% bei de Stëmmen schwätzt fir sech. E kloert Resultat: 2 vun 2 méigleche Sëtz fir den SNE/CGFP am Grupp 6  an 23 vun 24 Sëtz fir d’CGFP. 

Domadder sinn esouwuel den SNE/CGFP wéi och seng Daachorganisatioun d’CGFP als eenzeg representativ Gewerkschaften an der Fonction publique bestätegt ginn. D’Aarbecht vum SNE/CGFP aus de leschte Joeren, no um Terrain a no bei den Enseignanten, ass vun eise Wielerinnen a Wieler wäertgeschätzt ginn. De Fanger an d’Wonn leeën, déi Punkte kloer uschwätzen, wou dréngend Handlungsbedarf besteet an awer och  konstruktiv Léisungsvirschléi  mat abréngen.

Mat dësem onmëssverständleche Walresultat am Réck wäerte mir zäitno un den Educatiounsministère eruntrieden. Et muss nämlech elo gehandelt ginn. Virun allem déi ganz schwiereg Situatiounen um Terrain a puncto Inklusioun,  an daat domadder ganz eng verbonnent Wuelbefannen vun den Enseignantë wäerte mir an de Mëttelpunkt vun eisen Diskussioune réckelen. Ganz kloer ass awer och, dass de Projet Alpha a senger aktueller, iwwerstierzter Form net vun eis mat gedroe gëtt. 

 

Den SNE/CGFP

Presse Ufroen
Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit do eiusmod tempor incididunt.
This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.
Presse Ufroen
Lorem ipsum dolor sit amet, consectetur adipiscing elit do eiusmod tempor incididunt.
This email address is being protected from spambots. You need JavaScript enabled to view it.